2009
ass eriwwer a villes war an deem vergaangene Joer
Eng ganz Rei Héichpunkten gouf
et 2009 bäi der Amicale Elleng an an den Ennerorganisatiounen. Wat
dat alles war héiert dir Freides, de 5. Februar 2010 an eiser
Generalversammlung, wou mer de Réckbléck maachen.
Ronn 30 verschidden Aktivitéite
vun der Amicale Elleng zesummen mat den Ennerorganisatiounen sinn
iwwert d’ganzt Joer verdeelt, ouni d’Virbereedungssëtzungen derbäi
ze zielen. Dëst ass vill, awer dëst alles huet sech iwwer Joeren
opgebaut…
Bäi
all deenen Aktivitéiten gët bénévol geschafft an et bleiwt all
Kéiers fir jiddfereen eng Erausfuerderung, dee Gemeinschaft wëllt
erliewen.
Wéi erliewt ee Gemeinschaft mam Duerf?
Andeems een de Kontakt mam Duerf sicht an dann entwéckelt dat Ganzt
sech vum selwen.
Jiddfereen Eenzelnen huet et an der Hand, fir Initiativen ze
ergräifen, Neies ze woen a matzebauen am Duerf um gemeinschaftleche
Liewen zu Elleng.
Jiddfereen op séng ganz perséinlech an
eegen Art a Weis.
Dofir sidd wëllkomm an eiser Generalversammlung, wou niewend dem
administrativen Oflaf, och d’Gemeinschaft am Mëttelpunkt steet.
In Memoriam Pier Bichler (+ 9.11.2009)
Grënnungsmember a Keessier vun der Amicale Elleng (1977-2009)
Am
Laf vun de Joeren si mer an der Amicale Elleng eng gudd agespillten
Equipe ginn.
Wa virdru vun Duerf a
Gemeinschaft rieds goung, dann huet een ouni grouss Wierder dat um
Dag vum Begriewnës vun „eisem“ Pier erliewt. Hei konnt ee
Gemeinschaft a Frëndschaft ganz no erliewen. Mir all woussten, dass
hien op seng ganz perséinlech an eegen Art
a Weis d’Amicale Elleng matopgebaut a matgeprägt huet.
Mir soen him Merci fir seng
gutt Zesummenaarbecht am Déngscht vun eiser Duerfgemeinschaft.
« On vient
dans une communauté pour être heureux, on y reste pour rendre les
autres heureux. »
(Jean Vanier)
Pier – an eisen Häerzer wäerst
du weiderliewen an oft wäerde mer eis un dech erënneren.
Raymond Goedert
Prësident Amicale Elleng
a.s.b.l.