30 Joer Amicale

21.03.2010

Home
Agenda
Generalversammlung
Quetschefest
Kiirmes Ausstellung
Theater
Concert
Celsus
30 Joer Amicale
Contact
Statuten
Disclaimer
Spiller

 

Eppes gratis gin vu sech fir Aanerer!

 

Et as eis sëcher nach all a gudder Erënnerung, eist „Ellenger Jubiläumsjoer 2002-2003“ wéi mer als  Amicale Elleng 25 Joer gefeiert hun  —  a schon sin et 30 Joer hir, datt d‘Amicale Elleng gegrënnt gin as .

 

Villes huet d‘Amicale Elleng zënter hirer Grënnung op d‘Bee gesat a villes verdankt si de Familjen aus dem Duerf, déi ëmmer erëm Hand mat uleën.

 

Am Laf vun engem Joer huet d’Amicale eigentlech e geregelten Oflaf, deen eist Duerf an e gemeinsamen, grousse Rhythmus abënnt.

 

D’Vielfalt vun eisen Aktivitéiten grad wéi och eis Ennerorganisatiounen (Jugend Amicale, Mammen-Treff, Theaterensembel „Enner Wouer“) spillen dobäi eng grouss a wichteg Roll.

 

An eisem Duerf gët et eng grouss Auswiel un Angeboter, déi sech net nëmmen un eis Mataarbechter oder Memberen riichten, mée u jidfereen.

 

Vum 3. November bis 3. Dezember 2006 waren an eisem klengen Duerf 8 Aktivitéiten:

Kiirmes-Ausstellung, Theateropféierungen, afrikanesch Perkussioun (zu Biirden), Mozart-Concert, Niklos-Besuch vun Haus zu Haus.

 

Et kann een lo soen „iwwerdriwwen“, mee et kann een awer net soen  „et as näischt lass“....

Et kann een sech och freën datt „eng lass“ as, datt sou Munches a Bewegung as an datt eng Zukunft do as. 

 

Freën kënnen sech besonnesch all déi, déi schon zënter 30 Joer derbäi sin, dass dee Veräin, deen si gegrënnt hun nach ëmmer sou aktiv as.

 

Och Leit déi net vun Elleng sin, freën sech all Kéiers op Elleng ze kommen, fir mat eis bäi de Concerten, Theateropféierungen, Ausstellungen, Quetschefester asw. derbäi ze sin.

 

Et entstin och regelméisseg nei Impulser fir Neies ze woen, sou z.B. de Rallye oder d‘Sportsglotz

vun der Jugend, d‘afrikanesch Perkussioun vum Mammen-Treff,  fir d‘Amicale selwer d‘Realisatioun vun eiser HomepageDen Theaterensembel  „Enner Wouer“ bréngt et fäerdeg kuurzfristeg d‘Bühn virun der Première opzeriichten a spillt 2006 direkt zweemol Theater.

 

D‘Gemeinschaft erliewen as wichteg fir e liewegt Duerfliewen.

D‘Gemeinschaft as méi wéi  jhust Gesellegkeet a  frout  Zesummesin.

D‘Gemeinschaft as och „Eppes gratis gin vu sech fir Aanerer“ .

 

Eppes gratis gin vu sech fir Aanerer“  dëst as e wäertvollen  Déngscht fir eist Duerf. Dësen „Déngscht“ vun der Amicale Elleng soll een net ënnerschätzen.

Et gët vill fir d‘Duerfliewen gemaach an et si vill Plazen vu Begéignong an eisem Duerf méiglech.

Ech wënschen eis all (sou ënnerschiddlech mer jo all sin), datt mer de Bléck no vir riichten,

dat Gemeinsamt deelen  a  gemeinsam Visiounen entwéckelen fir esou eist Duerf lieweg ze haalen. Esou sidd der alleguerten invitéiert an eis Generalversammlung am „Centre Martialis“.

Sidd wëllkomm!

                                                                                                                       Raymond Goedert,

                                                                       Prësident Amicale Elleng A.s.b.l.

 

 

Home | Agenda | Generalversammlung | Quetschefest | Kiirmes Ausstellung | Theater | Concert | Celsus | 30 Joer Amicale | Contact | Statuten | Disclaimer | Spiller