Charta vum Bénévolat
Bäi
Geleeënheet vum internationalen Dag vum Bénévolat, de 5. 12.2014, hu ronn
250 Veräiner d’Charta vum Bénévolat ënnerschriwwen, dorënner war och
d’Amicale Elleng A.s.b.l. .

Obschonn et
an eisem Duerf de Bénévolat nach ëmmer ginn ass, ass duerch eis lokal
Veräiner de Bénévolat nach méi gruppéiert ginn.
Fir d’Amicale
Elleng ass duerch dëst Ënnerschreiwen vun der Charta vum Bénévolat deen
Déngscht – dat Engagement vu Jiddferengem an eiser Gemeinschaft nach méi
siichtbar ginn: Et ass eng Unerkennung vun engem wäertvollen Déngscht un
eiser Gesellschaft.
Et
ass een Déngscht, deen net ze ënnerschätzen ass.
D’Charta
baséiert sech op gemeinsam Werter wéi Solidaritéit, Respekt ee virum Aneren,
gemeinschaftlecht Zesummeliewen ...
Et
ass e moralescht Engagement vum Veräin vis-à-vis vu sech selwer, vun de
Bénévolen, awer och vis-à-vis vu senge Gäscht.
Fir
d’Amicale Elleng ass de Bénévolat eppes Wäertvolles : ouni de Bénévolat
stierwt eppes Mënschleches...
an eisem
Duerf, an eiser Gemeng, eisem Land.
Raymond Goedert,
Prësident Amicale Elleng A.s.b.l.
