1993 huet
d’Jugend Amicale Elléng eng aal Traditioun zu Elléng agefouert:
d’Buurgbrennen.
Daat éischt Joer as
d’Buurg a Form vun engem Kräiz installéiert gin.
Eng Rei Leit hun
sech d’Fro gestallt: Firwat grad e Kräiz? Wat huet dat mat enger Buurg ze
dun?
Scho séier as
d’Entscheedung gefall fir den Tuurm vun enger Buurg opzeriichten.
Et huet sech
erausgestallt, datt d’Aarbecht trotzdeem bleiwt, awer mat der Hëllef vun
engem gudden techneschen Equipement vun eise Bauren, as der Jugend dach vill
Entgéintkommes gin. A bäi dësem „Buurg-Tuurm“ war d’Freed grouss fir mol
eppes Aussergewéinleches opzeriichten, wat een net onbedéngt an all Duerf
fënnt. Et as e grousst, freedegt Feier gin an esou as déi Ellénger eng
besonnesch Buurg gin op déi d’Jugend Amicale Elléng houfreg as.
Am Joer 2002 fir
d’10.Buurgbrennen an am Kader vum 25jährege Bestoen vun der Amicale Elléng
huet d’Jugend Amicale sech eppes Extras afaale gelooss: eng Buurg a Form vun
engem „Triumphbou“ as opgeriicht gin. De Succès as och net ausbliwen.
Iwer en RTL-Spill
iwert déi genialsten Buurg-Ideen huet e Jugendlechen (Sven Wies) „eisen
Triumphbou“ als déi genialsten Buurg 2002 presentéiert an hien huet
gewonnen. De Gewënn war e Kuch vum Bäcker „Gérard“ vun Uewerkuer.
Mat enger Ausnahm
war d’Buurgbrennen ëmmer déi aaner Säit vum Widdem bäi der aaler Mondorfer
Stross: lénks oder riets an engem Stéck, wat an deem Moment nach net geplout
war. Jhust eng Kéier am Joer 1997 waren
d’Buedemkonditiounen duerch de ville Réen esou schlecht, datt mer d’Buurg an
engem aale Gaard opgeriicht hun, do wou d’Waassergaass un de Widdem ustéisst.
All Joers gin sech
ronn 100 Leit bäi der Ellénger Kiirch de Rendez-Vous, wou dann ee
gemeinsamen Faakelzuch a Richtung Buurg geet. Wa mer dann all ukomm sin an
d’Buurg bestaunt hun, gët de Prësident vun der Amicale d’Zeechen fir
gemeinsam d’Faakelen op d’Buurg ze werfen. Huertech as e grousst Feier do an
ët spiert een d’Hëtzt, déi vun der brennender Buurg ausgeet.
D‘Feier wiermt eis
vu baussen, fir dat Bannescht suergen Glühwäin a waarmt Iessen.
Raymond Goedert
(Archiv: Amicale Elléng A.s.b.l.)