Wéinst dem Corona ass d’Generalversammlung 2019-2020 ausgefall a gëtt 2021 of gehalen.
Voraussichtlech hu mir hei als Datum Freides den 12. März 2021 ageplangt.

P r o g r a m m vun 2020
- Begréissong an Usprooch vum Prësident
- Aktivitéitsbericht a Biller 2019
- Amicale Elleng A.s.b.l.
- Ënnerorganisatiounen
– (Mammen-treff-Team Amicale Elleng) – vakant
– Jugend Amicale elleng
– Theaterensembel „Ënner Wouer“
- Eis Keess 2019
- Keessebericht vum Keessjee
- Entlaaschtung vum Comité: d’Keesserevisoren hunn d’Wuert
- Iwwerreechung vun der „Prime d’Encouragement“
- D’Wiel vun de Membere vum Comité & Keesserevisoren
- Austriedend Comitésmemberen
erëmwielbar fir 3 Joer: Bichler Gerard, Bichler Marc,
Genco Olivier, Goedert Raymond, Weber Viviane
Kooptéiert Comitésmemberen: //
- austriedend Keesserevisoren
erëmwielbar fir 1 Joer : Beneké Marc, Schaus Léon
- Ophuele vun neie Comitésmemberen (vun 18 Joer un *)
* schrëftlech Demanden bis de 12.3.2020 bäim Prësident ofgin!
- Veräinsmemberen: Memberskaarten 2020
- Aktivitéitsprogramm, Projet, budget, Memberskaart 2020
- Éierungen
- Vu Comitésmemberen 2020 (*laut Reglement):
Genco Olivier (10 Joer am Comité)
Coelho Tun (15 Joer am Comité)
Bichler Gérard (30 Joer am Comité)
Goedert Raymond (35 Joer am Comité)
- Vum Theaterensembel « Ënner Wouer » (* UGDA)
- Vun der Jugend Amicale
- Vu Memberen
- Divers, fräi Aussprooch, Froen an nei Iddien oder Pläng
- Eis Gemeng
- Usprooch vum Buergermeeschter
- Info iwwer verschidden Themen betreffend Elleng
- Ofschloss-Wuert vum Vize-Prësident
Comité vun der Amicale Elleng A.s.b.l.:
Prësident:………………………. Goedert Raymond
Vize-Prësident:………………….. Bichler Gérard
Sekretärin:……………………… Weber Viviane
Sekretär-Adjoint:……………..….Coelho Tun
Keessjee:…………………………Promme-Faber Anne
Keessjee-Adjoint:…………..…. Genco Olivier
Webmaster, Memberskaarten:..Reuland Néckel
Material-Verwaltung:……………Bichler Marc
Memberen: Al Hindy Alain, Bichler Paul, Esch Nadine, Formica Elodie, Lysiak Magalie, Ney Lydie, Sirres Jessica, Thiel Marie-Josée
Éierecomitésmember:……….Fischer Jeannot
Veräinsliewen
- ee Stéck Liewensqualitéit fir een Duerf
Villes an eiser Zäit kann een online maachen.
D’Comitéssëtzungen iwwer Videokonferenz maachen,
online Veräinsmembere gewannen, eng Homepage ariichten asw.
Awer dat eigentlecht Veräinsliewe kann sech net online ofspillen.
Dat hätt och wéineg Sënn.
An engem Veräin, wéi d’Amicale Elleng, geet et ëm méi wéi just ëm Gesellegkeet.
D’Amicale Elleng gëtt sengem Duerf eng Identitéit a verbënnt d’Generatioune mateneen. D’Integratioun an de Sënn fir d’Gemeinschaft gi gefërdert, wat da schlussendlech der ganzer Gemeng zeguttkënnt.
Dat wäertvollst an eiser Amicale Elleng sinn déi gemeinsam Stonnen, déi mer zesumme verbréngen. Et entsti Frëndschaften, déi engem gutt dinn, virun allem a schwéiere Momenter vun engem sengem Liewen. Dat ass ee Stéck Liewensqualitéit fir een Duerf.
Matschwätzen an eiser Amicale Elleng heescht matgestalten.
Seng Visiounen entwerfen an doduercher selwer ee liewegen Deel vun deem Ganze ginn.
Engagéiert Iech an hëlleft mat. Jidderee kann eppes derzou bäidroen an zesumme mécht et och nach méi Spaass.
Raymond Goedert, Prësident Amicale Elleng A.s.b.l.