25.10.1999
Amicale Elléng, A.s.b.l.,
Association sans
but lucratif.
Veräinssëtz: L-5690 Elléng
Ierpeldéngerstrooss an der
Ellénger Schoul
Statuten
I. Kapitel – Numm, Zweck, Sëtz an Dauer
Art. 1er. Ënnert dem
Numm Amicale Elléng as 1977 e Veräin gegrënnt gin, dien 1990
durch eng Statutenännerung zu engem Veräin ouni Gewënnzweck gin as an dien
vun do un den Numm “Amicale Elléng A.s.b.l., association sans but lucratif“
dréit. D’Statutenännerung as den 28.03.1992 am Memorial C, Nummer 110
publizéiert gin.
Art. 2. D’Amicale
Elléng A.s.b.l., association sans but lucratif, setzt sech fir den Interessi
vun der Uertschaft Elléng a séngen Awunner an, an as duerfir op dësen dräin
Pläng aktiv:
Vertriede vun de lokale Gemeinschaftsinteressen vun Elléng a vu séngen
Awunner vis-à-vis vun den Staats- an Gemengenautoritéiten oder aner
Institutiounen an Administratiounen,
Ënnerhuelen an Ënnerstëtzen vun Initiativen, déi d’Duerf Elléng op
strukturellem, kulturellem an touristesche Plang weiderentwëckelen an déi
den Duerfcharakter erhalen hëllefen,
Ënnerstëtze vum Gemeinschaftsliewen an d’Integratioun vun Neiawunner zu
Elléng an d’Duerfliewen. Dëst gëlt fir all Alterskategorien (Kanner,
Jugendlech, Familjen, Erwuessener an eeler Leit).
Art. 3. De Sëtz
vun der Amicale Elléng A.s.b.l., association sans but lucratif, as zu L-5690
Elléng an der Ellénger Schoul, Ierpeldéngerstrooss. De Sëtz vun der Amicale
Elléng kann op keng aner plaaz am Duerf ouni Statutenännerung geluecht gin.
Art. 4. De Veräin
as fir eng onbegrenzten Zuel vun Joeren gegrënnt gin.
Art. 5. De Veräin
as politesch, ideologesch a reliéis neutral.
Kapitel II. – Memberen
Art. 6. D’Zuel
vun de Memberen as no uewen op, duerf awer nët manner wéi 7 sin. All Member
gët an de Membersregëster agedroen. De Membersregëster gët pro Joer um
Handelsregëster hannerluecht.
Art. 7. De Veräin
besteet aus:
aktive Memberen: déi Memberen, déi am Comité vum Veräin matschaffen an de
Keesserevisoren, déi nët Member vum Comité däerfe sin,
all Awunner vun Elléng déi dem Veräin séng Aarbecht ënnerstëtzen,
all aner physesch a moralesch Persounen, déi de Veräin moralesch oder
finanziell ënnerstëtzen oder déi dem Veräin positiv gesënnt sin.
Art. 8. Wie
Member vum Veräin wëllt gin mecht séng Demande un de Comité, deen iwert
d’Ophuele vum Member décidéiert. All Member as verflicht d’Statuten
unzeerkennen.
Art. 9. D’Amicale
Elléng A.s.b.l., association sans but lucratif, as op fir all Awunner (ouni
Altersbegrenzung an ouni Ausgrenzung wéingt Nationalitéit, Relioun oder
Hautfarw) vun Elléng a verzicht op d’Ophiewen vun engem Joeresbäitrag.
Art. 10. Et as een
nët méi Member:
wann een aus perséinlechen Grënn aus dem Veräin schrëftlech demissionéiert.
Demissioun as un de Comité ze riichten.
wann e Member duerch Beschloss vun der uerdentlecher Generalversammlung,
geholl duerch eng Zwee Drëttel Majoritéit vun den uwiesenden Memberen aus
dem Veräin ausgeschloss gët wéint schwéierem Feler oder Nëtrespektéiere vun
de Statuten.
Art. 11. De Veräin
huet och d’Méiglechkeet fir sech Ënnerorganisatiounen ze gin. Dës
Ënnerorganisatiounen sin fir speziell Alters- oder an Interessekategorien
vun der Awunnerschaft bestëmmt. Sie kënnen an de Grenzen vun dëse Statuten
autonom funktionéieren, sin a bleiwen awer ëmmer Bestanddeel vun der Amicale
Elléng A.s.b.l., association sans but lucratif. D’Ënnerorganisatiounen hun
keng eege Keess, duerfir muss all Ausgab viraus vum Comité beschloss gin.
Kapitel III. – Aarbechtsjoer,
Leedung a Verwaltung
Art. 12.
D’Aarbechtsjoer fänkt mat der Generalversammlung un, agët mat der nächster
Generalversammlung ofgeschloss.
Art. 13. De Veräin
gët vun engem Comité (Verwaltungsrot am Sënn vum Gesetz vum 21. Abrëll
1928) geleet. De Comité besteet op manst aus fënnef Leit an ka bis aus
maximal nonzeng Comitésmembere bestoen. De Comitésmember gët vun der
uerdentlecher Generalversammlung mat der einfacher Majoritéit fir dräi Joer
gewielt. De Kandidat fir an de Comité muss groussjähreg sin.
En austreidende Comitésmember kann
erëm an de Comité gewielt gin. Fir d’Kontinuitéit vun der Verwaltung vum
Veräin ze garantéieren, gin dräi verschidden Austrëttsserien définéiert vun
deenen all Joer eng Serie erneiert gët.
De Comité wielt ënnert sech en
Prësident een oder zwee Vize-Prësidenten, e Sekretär, e Keessier an
eventuell en Sekretär-adjoint. De Vize-Prësident vertrëtt de Prësident wann
dëse verhënnert as.
Am Laf vum Joer kann de Comité nei
Comitémemberen kooptéieren. Déi kooptéiert Comitémemberen mussen sech op der
nächster uerdentlecher Generalversammlung an de Comité wiele loossen. D’Zuel
vun den kooptéierten Comitémemberen däerf ni méi héich sin wéi e Fënneftel
vun de gewielten Comitésmemberen. D’Kooptioun geschitt duerch einfach
Majoritéit am Comité.
Art. 14. De Comité
huet all Rechter, déi noutwënneg sin fir e gudd Funktionnéieren vum Veräin
ze garantéieren. All Recht war nët ausschliesslech dem Gesetz no der
Generalversammlung virbehaalen as kann vum Comité beansprucht gin.
De Comité vertrëtt de Veräin op
geriichtlechem an um administrativen Plang.
Art. 15. De Comité
trëtt esou oft zesummen, wéi daat gudd Funktionnéieren vum Veräin et
verlangt. Et si mindestens zwou Comitéssëtzungen am Joer. De Prësident rifft
d’Sëtzung an. D’Sëtzung muss agruff gin wann Majoritéit vum Comité et
verlaangt. All Comitésmember, die verhënnert as un enger uerdentlech
agruffener Comitéssëtzung deelzehuelen, as verflicht sech ofzemellen. Kënnt
hien dëser Verflichtung regelmässeg nët no, kann hien vum Comité
ausgeschloss gin.
Art. 16. Drëtt
Persounen däerfen op Invitatioun vum Comité u Sëtzungen deelhuelen, sie
däerfen awer bei Decisiounen nët mat ofstëmmen. De Comité kann eenzel
Mataarbechter erunzéien a Kommissiounen nennen, fir bestëmmt Aarbechten ze
maachen. D’Kommissiounsmemberen schaffen ënnert der Responsabilitéit vum
Comité.
Art.17.
Décisiounen am Comité gin mat der einfacher Majoritéit vun den uwiesenden
Comitésmemberen geholl. Am Fall vun Stëmmengläichheet zielt dem Prësident
oder séngem Vertrieder séng Stëmm duebel. De Comité as stëmmberechtegt wann
d’Halchegt vun de Comitésmemberen plus eent uwiesend as.
D’Entscheedungen vun de
Comitéssëtzungen gin an engem Sëtzungsbericht festgehaalen. Déi eenzel
Berichter gin an engem Regëster agedroen. D’Berichter gi vun den uwiesenden
Comitésmemberen ënnerschriwen. D’Berichter kënnen vun all Comitésmember
nogekuckt gin.
Art. 18. De
Prësident zesumme mat engem aneren Comitésmember engagéieren de Veräin mat
hirer Ënnerschrëft vis-à-vis vun drëtt Persounen. An Finanzgeschäfter as
d’Ënnerschrëft vum Keessier eleng valabel.
Art. 19. De Comité
muss der Generalversammlung all Joer en Aktivitéitsbericht an e vollstännege
Keessebericht vum lescht Geschäftsjoer zur Ofstëmmung viirléen.
Art. 20. De
Keessebericht muss vun mindestens zwée Keesserevioren bestätegt gin, si
däerfen nët Member vum Comité sin. D’Mandat vum Keesserevisor dauert een
Joer. Den austreidenden Keesserevisor kann erëmgewielt gin.
Art. 21. De Comité
huet d’Recht verschidde Ponkte vum Funktionnéieren vum internen
Veräinsliewen duerch Reglementer ze regelen. De Comité beschléisst dës
Reglementer, léisst se awer vun der nächster uerdentlecher
Generalversammlung ratifizéieren. Fir d’Ratifizéiere zielt déi einfach
Majoritéit vun der Generalversammlung.
Kapitel IV.- Generalversammlung
Art. 22.
D’Generalversammlung kënnt all Joer am 1. Trimester vum Kalennerjoer (an
enger uerdentlecher Sessioun) zesummen. Sie kënnt an enger
ausseruerdentlecher Sessioun zesummen wann ët noutwenneg ass.
Art. 23.
D’Generalversammlung gët schrëftlech wéinstens aacht Deeg virdrun aberuff.
Op der schrëftlecher Aluedung gët eng Propositioun vum Ordre du Jour gemach.
Den Detail riicht sech nodem, wat am Gesetz vum 21. Abrëll 1928
virgesin ass.
Jidfer Propositioun, déi op mannst
vun engem Fënneftel vun den Memberen, vun der läschter Memberslëscht
ënnerschriwen as kënnt op den Ordre du jour vun der Generalversammlung.
Art. 24.
D’Entscheedungen an der Generalversammlung gin mat der einfacher Majoritéit
vun den Stëmmen gholl, et sief dann et wir vum Gesetz anescht viirgesinn. An
der Generalversammlung kënnen all déi Memberen ofstëmmen, déi op mannst 15
Joer hun.
Art. 25.
Décisiounen vun der Generalversammlung gin am Mémorial „C“ publizéiert.
Art. 26. Déi
uerdentlech Generalversammlung befënnt mindestens iwert déi folgend
Punkten:
Rapport moral
Aktivitéitsbericht a Keessebericht
Entlaaschtung vum Comité als Gremium a vum Keessier.
D’Wal vun de Membere vum Comité
D’Wal vun de Keessereviseuren
Budget an Aktivitéitsprogramm fir dât nächst Joer.
Art.
27. Déi ausseruerdentlech
Generalversammlung befënnt iwert:
D’Ännerung vun den Statuten no den Modalitéiten wéi se am Gesetz vum 21.
Abrëll 1928 viirgesi sin
D’Opléise vum Veräin mat der zwee Drëttel Majoritéit vun de Memberen.
Kapitel V. – Schlussbestëmmungen
Art. 28.
Wann de Veräin opgeléist gët, da gët
d’Verméigen blockéiert. Sollt bannen fënnef Joer en neie
Veräin mat deem selweschten Zweck zu Elléng gegrënnt gin,
iwerhëllt dëse Veräin déi Konten. Am anere Fall verfällt dem
Aarmebureau vun der Gemeng Munnerëf d’Verméigen, nodeem all Scholde
bezuelt sin. Dat esou blockéiert Verméige kann nëmmen mat der Ënnerschrëft
vum Buergermeeschter vun der Gemeng Munnerëf a sengem éischte Scheffe
fräigemat gin.
Art.
29.
Fir
alles wat nët an dëse Statuten virgesin as, gëlt d’Gesetz
vum
21. Abrëll 1928
iwert d’Veräiner ouni Gewënnzweck.
Art. 30. Dës
Ausgab vun den Statuten ersetzt all viereg Ausgaben vun Statuten an as eleng
massgebend.
De Comité vun der Amicale Elléng
A.s.b.l.
(Décisioun aus
der "Extra-ordinaire Generalversammlung"
Méindes, dem 25.Oktober 1999 / 20:00
Auer
an der Ellénger
Schoul