Statuten

15.03.2019

AMICALE ELLENG, a.s.b.l. , association sans but lucratif

Veräinssëtz:  Centre Martialis,  Ierpeldéngerstrooss, L-5690 Elleng

STATUTEN

Kapitel I. Numm, Zweck, Sëtz an Dauer

Art. 1. Ënnert dem Numm “AMICALE ELLENG” ass 1977 e Veräin gegrënnt ginn, deen 1990 duerch eng Statutenännerung zu engem Veräin ouni Gewënnzweck ginn ass an deen vun do un den Numm “AMICALE ELLENG, a.s.b.l., association sans but lucratif” dréit. D’Statutenännerung ass den 28.03.1992 am Mémorial C, Nummer 110 publizéiert ginn.

Art. 2. D’AMICALE ELLENG, a.s.b.l., association sans but lucratif, setzt sech fir den Interessi vun der Uertschaft Elleng a sengen Awunner an, an ass duerfir op folgenden dräi Pläng aktiv:

·        Vertrieden vun de lokalen Gemeinschaftsinteressen vun Elleng a vu sengen Awunner vis-à-vis vun den Stats- a Gemengenautoritéiten oder aner Institutiounen an Administratiounen,

·        ënnerhuelen an ënnerstëtzen vun Initiativen, déi d’Duerf Elleng op strukturellem, kulturellem an touristeschem Plang weiderentwéckelen an den Duerfcharakter erhalen hëllefen,

·        förderen vum Gemeinschaftsliewen an d’Integratioun vun neien Awunner vun Elleng an d’Duerfliewen.

Art. 3. De Sëtz vun der AMICALE ELLENG, a.s.b.l. association sans but lucratif ass zënter 2004 zu Elleng am Centre Martialis, Ierpeldéngerstrooss  (L-5690). De Sëtz vun der AMICALE ELLENG, a.s.b.l. kann ouni Statutenännerung op eng aner Plaz am Duerf verluecht ginn.

Art. 4. De Veräin ass fir eng onbegrenzten Zuel vu Joren gegrënnt ginn.

Art. 5. De Veräin ass politesch, ideologesch a reliéis neutral.

Kapitel II. Admissioun

Art. 6. D’Unzuel vun de Memberen ass no uewen op, duerf awer nët manner wéi 7 sinn. All Member gëtt an d’Memberslëscht agedroen. D’Memberslëscht  gëtt all Joer am Handelsregëster hannerluecht no den Bestëmmungen vum Artikel 10 aus dem Gesetz vum 21. Abrëll 1928.

Art. 7. De Veräin besteet aus:

·        aktive Memberen: am Sënn vun „Associé“ nom Gesetz vum 21. Abrëll 1928,

·        aner physeschen a moraleschen Persounen, déi de Veräin moralesch oder finanziell ënnerstëtzen.

Art. 8. Wien aktive Member vum Veräin wëllt ginn mécht seng schrëftlech Demande un de Comité, deen iwwert d’Ophuele vum aktive Member décidéiert. All aktive Member ass verflicht d’Statuten un ze erkennen an saï Joresbeitrag ze bezuelen. De Mindestalter fir Member ze ginn läit bei 15 Joer.

Kapitel III. Demissioun an Ausschloss

Art. 9. Et ass een net méi Member:

·       wann een säin Joresbäitrag net bezilt,

·        wann een aus perséinlechen Grënn aus dem Veräin demissionéiert. Eng Demissioun ass schrëftlech un de Comité ze riichten,

·        wann zwee drëttel vun de Stëmmberechtegten an der uerdentlecher Generalversammlung décidéieren e Member wéinst schwéierem Feelverhalen oder dem nët respektéieren vun de Statuten auszeschléissen,

·        am Doudesfall.

Kapitel IV. Ënnerorganisatiounen vun der Amicale

Art. 10. De Veräin huet och d’Méiglechkeet fir sech Ënnerorganisatiounen ze ginn. De Comité leet dës Ënnerorganisatiounen fest. Si  sinn fir speziell Alters- oder Interessekategorien vun den Awunner vun Elleng bestëmmt. Si kënnen och an de Grenzen vun dëse Statuten autonom funktionéieren, sinn a bleiwen awer ëmmer Bestanddeel vun der AMICALE ELLENG, a.s.b.l., association sans but lucratif. Si kënnen eng eegen Kees féieren. All Joer leet d’Ënnerorganistioun e Budget fest fir hir Aktivitéiten ze finanzéieren. Als Bestanddeel vum Gesamtbudget vun der AMICALE ELLENG, a.s.b.l. gëtt dëse Budget vum Comité (Verwaltungsrot am Sënn vum Gesetz vum 21. Abrëll 1928) validéiert an dann der Generalversammlung zwecks Approbatioun virgeluecht. De Budget am Ufank an de Kont zum Schluss vum Joer mussen am Gläichgewiicht sinn.  Sollten Ausgaben noutwenneg  sinn, déi iwwert d’Recetten erausginn, mussen dës Ausgaben vum Comité vun der Amicale am Viraus décidéiert ginn. De Responsabelen vun der Ënnerorganisatioun ass och responsabel fir d’Gestioun vun dëse Finanzen. Op den 31.12. vun all Joer leet d’Ënnerorganisatioun en detailléierten Décompte vir, deen an de Finanzrapport vun der Amicale Elleng a.s.b.l. integréiert gëtt. All Ënnerorganisatioun désignéiert een aus hirer Mëtt deen dann zousätzlech zur maximaler Unzuel a soss awer ganz am Aklang mat dem Artikel 12 aus dëse Statuten als vollwäertege Member am Comité ass.

Kapitel V. De Comité, Fonctionnement a Kompetenzen

Art. 11. D’Aarbechtsjoer fänkt den 1.Januar un a schléisst den 31.Dezember of.

Art. 12. De Veräin gëtt vun engem Comité (Verwaltungsrot am Sënn vum Gesetz vum 21. Abrëll 1928) geleet. De Comité besteet op d’mannst aus fënnef Leit a kann bis aus maximal nonzéng Comitésmembere bestoen. De Comitésmember gëtt mat der einfacher Majoritéit vun der uerdentlecher Generalversammlung fir dräi Joer gewielt. De Kandidat fir an de Comité muss groussjäreg sinn.

En austriedenden Comitésmember kann erëm an de Comité gewielt ginn. Fir d’Kontinuitéit vun der Verwaltung vum Veräin ze garantéieren, ginn dräi verschidden Austrëttsserien definéiert vun deenen all Joer eng Serie erneiert gëtt.

De Comité wielt ënnert sech e President, een oder zwee Vize-Presidenten, e Sekretär, e Keessjee an eventuell och en Sekretär-adjoint an en Keessjee-adjoint. De Vize-President vertrëtt de President wann dësen verhënnert ass.

Am Laf vum Joer kann de Comité nei Comitésmemberen kooptéieren. Déi kooptéiert Comitésmemberen mussen sech op der nächster uerdentlecher Generalversammlung an de Comité wiele loossen. D’Unzuel vun den kooptéierten Comitésmemberen däerf ni méi héich sinn wéi e Fënneftel vun de gewielten Comitésmemberen. D’Kooptioun geschitt duerch einfach Majoritéit am Comité.

Art. 13. De Comité huet all Rechter, déi noutwenneg sinn fir e gutt Funktionéieren vum Veräin ze garantéieren. All Recht, wat nët dem Gesetz no  ausschliisslech der Generalversammlung virbehalen ass, ka vum Comité an Usproch geholl ginn.

De Comité vertrëtt de Veräin op geriichtlechem an op administrativem Plang.

Art. 14. De Comité trëtt mindestens zwee Mol am Joer zesummen oder esou oft wéi dat gutt Funktionéiren vum Veräin et verlaangt. De President rifft d’Sëtzung an. D’Sëtzung muss och aberuff ginn wann d’Majoritéit vum Comité et verlaangt. All Comitésmember, deen verhënnert ass fir un enger uerdentlech aberuffener Comitéssëtzung deelzehuelen, ass verflicht sech ofzemellen. Kënnt hien dëser Verflichtung méi oft net no, kann hien vum Comité ausgeschloss ginn.

Art. 15. Drëtt Persounen däerfen op Invitatioun vum Comité u Sëtzungen deelhuelen, si däerfen awer bäi Décisiounen net mat ofstëmmen. De Comité kann eenzel Mataarbechter erun zéien a Kommissiounen nennen, fir bestëmmten Aarbechten ze maachen. D’Kommissiounsmemberen schaffen ënnert der Responsabilitéit vum Comité.

Art. 16. Décisiounen am Comité ginn mat der einfacher Majoritéit vun den uwiesenden Comitésmemberen geholl. Am Fall vun Stëmmengläichheet zielt dem President oder sengem Vertrieder seng Stëmm duebel. De Comité ass stëmmberechtegt wann méi wéi d’Halschent vun de Comitésmemberen do ass.

D’Entscheedungen vun de Comitéssëtzungen ginn an engem Sëtzungsbericht festgehalen. Déi eenzel Berichter ginn an engem Regëster agedroen. D’Berichter gi vun den uwiesenden Comitésmemberen ënnerschriwwen. D’Berichter kënne vun all Comitésmember nogekuckt ginn.

Art. 17. De President zesumme mat engem aneren Comitésmember engagéieren de Veräin mat hirer Ënnerschrëft vis-à-vis vun drëtt Persounen. An Finanzgeschäfter geet d’Ënnerschrëft vum Keessjee respektiv vu sengem Adjoint eleng duer.

Art. 18. De Comité muss der Generalversammlung all Joer en Aktivitéitsbericht an e vollstännege Keessebericht vum leschte Geschäftsjoer zur Ofstëmmung virleeën.

Art. 19. De Keessebericht muss vun mindestens zwee Keesserevisoren bestätegt ginn, dës däerfen awer net Member vum Comité sinn. D’Mandat vum Keesserevisor dauert ee Joer. Den austriedenden Keesserevisor kann erëm gewielt ginn.

Art. 20. De Comité huet d’Recht verschidde Punkten vum Funktionéieren vum internen Veräinsliewen duerch Reglementer ze regelen. De Comité beschléisst dës Reglementer, léisst se awer vun der nächster uerdentlecher Generalversammlung ratifizéieren. Fir d‘Ratifizéieren zielt déi einfach Majoritéit vun der Generalversammlung. Dës Reglementer kann een op eiser Websäit https://www.elleng.org/  noliesen oder einfach beim Comité ufroen.

Art. 21. D’Generalversammlung kënnt all Joer am 1. Trimester vum Kalennerjoer an enger uerdentlecher Sessioun zesummen. Si kënnt an enger ausseruerdentlecher Sessioun zesummen wann et noutwenneg ass.

Kapitel VI. Generalversammlung

Art. 22. D’Generalversammlung gëtt schrëftlech wéinstens aacht Deeg am Viraus aberuff. Op der schrëftlecher Aluedung gëtt eng Propositioun vum “Ordre du Jour” gemaach. Den Detail riicht sech no deem, wat am Gesetz vum 21. Abrëll 1928 virgesinn ass.

Jidder Propositioun, déi op mannst vun engem Fënneftel vun den Memberen, aus der aktueller Memberslëscht, ënnerschriwwen ass, kënnt op den Ordre du Jour vun der Generalversammlung.

Art. 23. D’Entscheedungen an der Generalversammlung ginn mat der einfacher Majoritéit vun deStëmmen geholl, et sief dann et wier vum Gesetz anescht virgesinn.

Art. 24. Déi uerdentlech Generalversammlung befënnt mindestens iwwert déi folgend Punkten:

·        Aktivitéits- a Keessebericht,

·        Entlaaschtung vum Comité als Gremium an och vum Keessjee eenzel,

·        d’Wal vun de Membere vum Comité,

·        d’Wal vun de Keessereviseuren,

·        Budget an Aktivitéitsprogramm fir dat nächst Joer,

·        Festleeën vum Joresbäitrag deen awer nët däerf méi héich wéi 50€ sinn.

Art. 25. Déi ausseruerdentlech Generalversammlung befënnt iwwert:

·        D’Ännerung vun de Statuten no den Modalitéiten wéi se am Gesetz vum 21. Abrëll 1928 virgesi sinn,

·        d’Opléise vum Veräin mat der zwee Drëttel Majoritéit vun allen aktiven Memberen.

Kapitel VII. Schlussbestëmmungen

Art. 26. Wann de Veräin opgeléist gëtt, da gëtt d’Verméigen blockéiert. Sollt bannen fënnef Joer en neie Veräin mat deem selwechten Zweck zu Elleng gegrënnt ginn, iwwerhëlt dëse Veräin déi Konten. Am anere Fall verfält dem gemeinsamen “office social” vun de Gemengen Munnerëf an Duelem d‘Verméigen, nodeems all Scholden bezuelt sinn. Dat esou blockéiert Verméigen kann nëmmen mat der Ënnerschrëft vum Buergermeeschter vun der Gemeng Munnerëf a sengem éischte Scheffen fräi gemaacht ginn.

Art. 27. Fir alles wat nët an dëse Statuten virgesinn ass, gëllt d’Gesetz vum 21. Abrëll 1928 iwwert d’Asbl’en.

Art. 28. Dës Ausgab vun den Statuten ersetzt all vireg Versiounen an ass eleng valabel.