
Léif Ellenger Awunner
Léif Comités- a Veräinsmemberen
a Frënn vun der Amicale Elleng
Bedéngt duerch COVID’19 sinn zënter dem 13.03.20 all Aktivitéite vun der Amicale Elleng Asbl. an hiren Ënnerorganisatiounen, der Jugend Amicale Elleng an dem Theaterensembel „Ënner Wouer“ ofgesot oder geännert.
Et ass dem Comité bewosst, dass dëst en déiwen Aschnëtt an d’Veräinsliewen ass. Duerch de COVID’19 ass jidderengem seng Fräiheet zum Wuel vun eis all ageschränkt.
Mir wëllen net mam Feier spillen, well all Doudegen ass ee Verstuerwene Familljemember vun engem. Jidderee kann et kréien a richteg krank ginn an esouguer stierwen. Et ass net fir Panik ze maachen, awer et ass och net fir et op d’liicht Schëller ze huelen.
An deem Sënn ass d’Entscheedung vun der Amicale Elleng ze verstoen.
- D’Ellenger Krëpp, déi 100 Joer feiert, gëtt opgeriicht, mat Aschränkungen.
- De Jugend Sall fir eis Ënnerorganisatioun „Jugend Amicale“ ass
vum 1.September 2020 un erëm op mat Anhale vum COVID’19 Reglement.vorläufeg zou bis den 1 Januar 2021.
Viraussiichtlech ass eis Generalversammlung 2019 an 2020,
Freiden, den 12.03.21 ëm 20:15 Auer am Centre Martialis zu Elleng.
Aktuell Infos fannt Dir ëmmer hei op eiser Internetsäit
Et kann een awer weider eise Veräin duerch de Kaf vun enger Memberskaart 2020
ënnerstëtzen an zwar duerch Iwwerweise vu 5€ (Individuell) oder 10€ (Famill, w.e.g. all d’Nimm vun de Leit, iwwert 15 Joer, uginn) op eise Konto:
BIC: BILLLULL IBAN LU 33 0026 1391 3280 0000
Mentioun: Memberskaart fir 2020, Numm a Virnumm fir déi individuell Kaart oder Famill xy mat alle Virnimm fir d’Familljekaarten. (Nëmmen Leit iwert 15 Joer kënnen aktive Member ginn)
Merci fir all Ënnerstëtzung. Bleift gesond a monter.
Am Numm vum Comité,
Raymond Goedert, President Amicale Elleng A.s.b.l.