
D’Sophie Kettenmeyer ass Wittfra. Well si hire „Gérard“ net méi huet, fält hir de Plaffong op de Kapp. Hiren eenzegen Auswee ass, hiert Meedchen an seng Famill ze besichen oder mat hirer Strenz op de Kierfecht ze goen. Do lauert si deene frësch gebakene Wittmänner op. Dat Ganzt allerdéngs zum gréisste Bedaueren vun hirer Duechter Marie an hirer Schnauer Yvette.
Fir d’Mamm ze bremsen, hoffen d’Yvette an d‘ Marie op den Noper Batty Schmitt. Leider stëmmt do d’Chimie nach net sou richteg, well hien virun allem mat sengem Hobby nervt.
De Mario, hiren Enkel, hëllt sech senger Boma un an bréngt hir bäi, wéi een am Internet no Männer sicht. Dat bréngt d’Sophie sou richteg an Schwong. Si huet dann och sougenannten Dates.
An dréit natierlech ze enger gewëssener Onzefriddenheet beim Mario senger Sandkëschtefrëndin Laura aus dem Nopeschhaus bäi, well de Mario him seng Zouneigung net richteg enregistréiert.
D’Laura schëtt der Boma Kettenmeyer hirt Häerz aus. D’Boma wëll hëllefen an schmied duerfir ee Plang. Wéi sech awer d‘Rendez-vous‘en, vun där op neie Weeër wandelnder Mamm heefen, eskaléiert d’Situatioun.
An dass d‘ Marie an d’Yvette eng Plaz fir d‘Mamm an engem CIPA-Foyer sichen, bréngt d‘Faass zum iwwerlafen.
Besetzung:
Sophie Kettenmeyer Katja Schermuly
Marie Kettenmeyer Brigitte Conter
Yvette Kettenmeyer Danielle Troes
Mario Kettenmeyer Sven Klees
Laura Goedert Vanessa Weiten
Batty Schmitt Michael Thiel
Regie Dany Troes – Sven Klees
Pësperkëscht Bernadette Thommes
Bünebild, Technik, Grimage, Coiffure d’Ekipp vum „Ënner Wouer“
Grafik Michael Thiel

Gespillte Stécker vum Theaterensemble „Ënner Wouer“
| 2002 | Eng Tréin am Knäpplach | Fons Kontz | |
| 2003 | De Bop | Fons Kontz | |
| 2004 | Den Horrbock | René Weimerskirch | Musik: Albert Marinov |
| 2005 | Kee Fall fir den Zankert | Romain Goerend | |
| 2006 | Tatta Liss vun Vallauris | Robert Clees | Musik: Norbert Hoffmann |
| 2007 | Mir sinn keng Engelen | F. Jacobs/A.Husson | Musik: Ab van Goor & Jang Linster |
| 2008 | Hotel Mimosa | M. Herman/P. Chesnot | |
| 2009 | Lauter Mëller | Fons Kontz/C. Laufs & W.Jacoby | |
| 2010 | FKK um Forellenhaff | Jean-Marie Petit/Fred Bosch | |
| 2011 | Déi beschte Medezin | Fons Kontz/Curt Goetz | |
| 2012 | E gemittleche Weekend | Marc Herman | |
| 2013 | Nëmme keng Männer | Jean-Marie Petit/Andrea Döring | |
| 2014 | De Säitespronk | Fons Kontz | |
| 2015 | De plaakege Fënsterbotzer | Martina Worms/Rose Mühlen | |
| 2016 | Fir seng Famill kann een nët | Pierre Alzin/Hans Schimmel | |
| 2017 | Et war nët keen | Fränk Kuffer | |
| 2018 | Geessenzirkus | Rob Wagner/Jürgen Baumgarten | |
| 2019 | 2 Buergerm. fir en Halleluja | Roby Zenner/Carsten Schreier | |
| 2022 | Lourdes oder Päischtcroisière | Fränk Kuffer | |
| 2023 | Eng fantastesch Vakanz | Marc Hermann | |
| 2025 | Pass op, d’Mamm kënnt! | Rüdiger Kramer / Marc Hermann |
